Organisé avec le soutien de la

© Jean-Paul Engeldinger

MUSEK AM SYRDALL

30e Saison Musicale de Mensdorf

Récital de piano

 

Cathy Krier

 

 

présenté au Kulturhaus Niederanven

 

en collaboration avec l’a.s.b.l. «Kulturhaus Nidderanwen»

 

dimanche, le 26 mars 2017 à 17:00 heures

 

par

 

Cathy Krier, piano

MUSEK AM SYRDALL

33e Saison Musicale de Mensdorf

Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert 7.0

 

 

Concert

 

présenté au Centre Culturel «SYRKUS» de Roodt-sur-Syre

 

dimanche, le 29 mars 2020 à 17:00 heures

 

par le

 

Lëtzebuerger Lidderchouer

 

Christophe Nanquette, piano

 

Marc Demuth, contrebasse

 

Boris Dinev, percussion

 

Direction: Georges Urwald

Scho fir déi 7. Kéier heescht et am Syrdall-Festival „Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert“. Dës Editioun ass den sportlechen Aktivitéiten gewidmet: Sport a Musek. Ob de Champion den Orchester spille léisst oder de Pir Kremer säi Sportspotpourri kachen deet, d’Freed ass an dëser Kombinatioun garantéiert um Rendezvous: Hipphipp Hurra!

Ënnert der Direktioun vum Georges Urwald kënnen d'Nolauschterer sech op e flotten an ënnerhalsamen Owend freeën!

 

Arrangementer: Ivan Boumans, Claude Kraus, Jean-Marie Kieffer, Jean-Paul Majerus, Georges Urwald.

 

Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert - de Projet

Lidder vu fréier, Texter vu fréier, op eng originell Aart a Weis nei arrangéiert...

Lidder vun haut, Texter vun haut, nei komponéiert fir Kleng a Grouss.

Et ass dem INECC e grousst Uleies eise räiche Lëtzebuerger Lidder-Repertoire méi bekannt a public ze maachen. Mat neien zäitgeméissen Arrangementer soll dëse Repertoire de jonke Sänger, Gruppen, Bands a Chéier zougänglech an attraktiv gemaach ginn. Rezent Popsongs an nei komponéiert Lidder ginn dobäi grad esou berécksiichtegt wéi eise musikalesche Patrimoine.

All dës Lidder si bei „Luxembourg Music Publishers“ editéiert. An de leschte Joren ass de Bestand op méi wéi 120 Partituren gewuess.

 

Lëtzebuerger Lidderchouer

De „Lëtzebuerger Lidderchouer“ ass e Projets-Chouer, deen eemol pro Joer zesumme kënnt fir exklusiv am Syrdall-Festival déi neist Chouer-Arrangementer an Neikompositiounen ze presentéieren. E séngt dobäi a verschidde Konfiguratiounen, vum 4-stëmmege gemëschte Chouer bis zum Männer- oder Fraen-Ensembel. 2017 huet den Institut Européen de Chant Choral eng CD mat de bekanntste Stécker erausbruecht.

Begleet gëtt de Chouer vu sengem Pianist Christophe Nanquette, dem Marc Demuth um Kontrabass an dem Boris Dinev op den Drums.

Säit Hierscht 2018 läit d’Direktioun vum Lëtzebuerger Lidderchouer an den Hänn vum Georges Urwald.

 

Georges Urwald

De Georges Urwald ass Museker, Komponist/Arrangeur a Professer fir Education musicale am Iechternacher Kolléisch an deel-detachéiert an de Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom), fir deen hien didaktesch Hefter zum Thema Lëtzebuerger Kultur (De Litty) fir Grondschoulen a Lycéeën redigéiert an erausbréngt.

Hie musizéiert, komponéiert an arrangéiert genre-iwwergräifend fir ënnerschiddlech grouss a kleng Besetzungen.

Studéiert huet hien Schulmusik zu Köln op der Staatlichen Musikhochschule mam Haaptfach Kierchenuergel an Jazzinstrumentalpädagogik mam Haaptfach Jazzpiano.

Zu Gréiwemaacher féiert hien de Privattheater fir Lëtzebuerger Klengkonscht, de Stued Theater.